
Reebou: Eng flott Zesummenaarbecht tëschent SEA, Schoul an lokale Veräiner
24.06.2024Den 13. Juni gouf vum Schoul Campus Reebou den traditionellen Sportsdag organiséiert, deen dëst Joer um Fussball’ s Terrain zu Beetebuerg statt fonnt huet.
An Zesummenaarbecht mam SEA Reebou an de lokale Veräiner goufen eng Villfalt vu Sport- a Beweegung’ s Aktivitéiten ugebueden.
D'Kanner aus der Précoce a Spillschoul vun der Reebouschoul hunn alleguerten deelgeholl. Si haten immens vill Spaass fir un deenen villen verschiddenen Aktivitéiten déi ugebueden gi sinn deel ze huelen.
Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun am Joer 2025, wou d’Equippen vum Schoul Campus Reebou nees e flotten an ofwiesslungsräiche Programm wäerten op d’Been stellen.
» Fotoen