
Reebou-Pavillon: Mir waren mam Cycle 1 Grupp op de Beetebuerger Maart
17.01.2022Bei esou vill Beweegung dierf een sech och emol eppes gënnen.
Vum Reebou-Pavillon aus sinn mir zesumme mat de Kanner erof bei d ‘Kierche Plaz getrëppelt, wou Dënschdes Mëttes ëmmer e Maart mat ënnerschiddleche Stänn statt fënnt. Ënnert anerem ass do e Paangecher ‘s Stand, dee mir besicht hunn.
Well mir ze frei un waren haten d ‘Kanner nach e bëssen Zäit ob der Spillplaz vun der Schoul am Duerf dierfen ze spillen. Dono si mir bei de Paangecher ‘s Stand getrëppelt, wou mir eng schéi Rei, een hannert deem Anere gemaach hunn. Do ass dann all Kand eenzel un den Tour komm a konnt wielen, wat et ob säi Paangech drop komme soll. D ‘Kanner hunn mat Zocker, mat Nutella oder wäissem Schokola geholl. Mir hunn hinnen de Paangech du geschnidden an si konnten picken an iessen.
Um Wee fir zeréck an de SEA hunn d’ Kanner nach ëmmer vun de lecker Panecher erzielt.
» Fotoen