passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Kürbis-Fratzen

23.10.2023

De Kürbis dierf am Hierscht virun Halloween net feelen.



An dofir krute mir eng helle Wull vu Kürbissen geliwwert wou d'Kanner sech konnten austoben fir se schéin ze décoréieren.

A well daat ausschneiden vun engem Kürbis esou schwéier ass fir d'Kanner aus dem Cycle 1 hu si kurzerhand décidéiert dass d'Kürbissen hier Fratzen einfach opgemolt kréien.

Mat Farwen a Pinselen besteckt gung et dunn un d'Wierk an et ass deenen decke ronnen Friischten un de Krom gangen.

Fir d'éischt hun d'Kanner se farweg gemolt an dono hu si Gesiichter an alle Formen drop gemach.

D'Resultat ass ganz flott ginn an Halloween ka rouech kommen.

Mir si prett.




» Fotoen