passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng: Geocaching zu Veianen

24.09.2018

Den 28. August ass de Stärenhausgrupp mat de Kanner op Veianen gefuer fir ee Geocache ze sichen.

Dest Kéier si si net op Veianen gefuer fir d'Schlass besichen ze goen, mee fir an der Géigend wanderen ze goen an dobäi Geocaching ze maachen. 
Am Kader vun der spannender Schatzsich hun d'Erzéiher natirlech och dovunner profitéiert fir de Kanner déi eenheemesch Déieren a Planzen aus der Natur ze weisen an ze erklären. 
Och dee richtegen Emgang mat der Technik vum Navigatiounsgerät kruten d'Kanner gewisen.
De Kanner huet et richteg Spaass gemaach fir mam GPS déi verschidde Cachen (verstoppte Këschten) ze sichen an natirlech och ze fannen.

Fir déi déi sech net allzevill enner Geocaching kenne virstellen verweise mer hei op déi offiziel Internetsäit www.geocaching.com wou dir all Informatiounen zu der flotter Schatzsich fannt. Vill Spaass iech all!


» Fotoen