
Sonnepavillon : Beyblades aus Lego
05.12.2023Kanner hunn sech de ganzen Mëtteg ameséiert Beyblades aus Lego Stécker ze bauen.
Dobäi sinn déi ënnerschiddlechst a kreatiivst Formen u Beyblades entstanen. Et gouf net just kreéiert a gebaut, mee duerno sinn d’ Beyblades och ausprobéiert ginn. Séier sinn d’ Kanner op d’ Iddi komm Wett Kämpf ze maachen, fir ze kucken weem säin Beyblade méi staark ass. Zwee an zwee sinn d’ Kanner géinteneen ugetrueden an gewonnen hat deem säin, deen am längsten um dréine war, an dat ouni auserneen ze briechen.
» Fotoen