passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou: Eng Entdeckungsrees um Airtramp

14.07.2025

D’Kanner vum SEAI Kokopelli, déi eis reegelméisseg besiche kommen, haten d’Geleeënheet fir déi éischte Kéier den Airtramp kennen ze léieren.



Si duerften sech am Ufank fräi drop beweegen an einfach emol ausprobéieren, wéi et sech ufillt, dorop ze sprangen a lafen.

No dëser Entdeckungsphas hu mir zesumme Spiller gemaach: mat Bäll, mat faarwege Scheiwen, déi vill Beweegung a Spaass bruecht hunn. D’Kanner hu sech wéi Déieren beweegt a sou hir Fantasie an hir kierperlech Fäegkeeten entwéckelt.

Zum Ofschloss hu mir eis zesummen um Airtramp entspaant. D’Kanner konnten dobäi spieren, wéi d’Loft lues aus dem Trampolin erausgeet – eng roueg a sensorësch Erfarung, déi hinnen gehollef huet, zur Rou ze kommen.




» Fotoen