passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Mir ginn op den Gaalgebierg op d' Spillplaz

16.04.2024

Zesummen mat den Kanner si mir mam Zuch op Esch gefuer fir ee flotten Nomëtten am Gaalgebierger Park ze verbréngen.



Do ukomm hu mir eis e Moment geholl fir d’ Kanner doriwwer opzeklären bis wouhinner si sech dierfen fräi beweegen, a lass konnt et dunn och schonn goen.

D‘ Kanner hunn déi verschiddenst Ecker vun der Spillplaz entdeckt, déi eng sinn klunschen a rutschen gaangen, déi aner hunn op der Reefenbunn gespillt oder hunn einfach e gemittlechen Moment am Park verbruet, andeem si duerch de Park getrëppelt sinn. Zum Schluss hunn d’ Kanner hiren Picknick genoss, éier mir nees mam Zuch zeréck an de SEA gefuer sinn.




» Fotoen