passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Mir produzéieren eist eegent Hörspill (2. Deel: - Vu Mierjongfraën, Drachen a richteg Regisseuren)

16.05.2022

Am zweeten Deel vun eiser Hörspielproduktioun ass et drems gangen fir mat de Kanner eng flott Geschicht ze erfannen déi een als Hörspill ka lauschteren.

D'Kanner hu richteg gespruddelt vu lauter Idéën a waren dobai esou fläisseg dass si direkt 2 Geschichten erfonnt hun:
Déi éischt Geschicht handelt em eng Mierjongfra déi vill Hellef brauch fir den Ozean nees proper ze kréien. 
An der zweeter Geschicht geet et em eng kleng Prinzessin déi ganz vill traureg ass well se keen Drach fir hiere Gebuertsdag geschenkt kritt.
Nodeems déi 2 Dréihbicher ferdeg waren goufen d'Rolle verdeelt an all Kand huet noeneen sain Text konnten an de Micro schwetzen an ophuelen. Déi aner Kanner krute vum Oli gewisen wéi se d'Stëmmen um Computer kennen ophuelen an e besse bearbechten wann een sech mol verschwat huet.
D'Opreegung war grouss a si si sech virkomm wéi richteg Filmstaren a Regisseuren.


» Fotoen