passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Schoko Cookies

15.04.2019

D'Kanner aus dem Précoce- a Spillschoulsgrupp aus der Aler Gemeng présentéieren iech hier lecker schmecker selwer gemaachen Schoko Cookies.

Rezept fir 10 Cookies:
100 gr Miel
1/4 Téileffel Bakpolfer
40 gr Kakaopolfer
120 gr Zocker
130 gr Margarine
50 gr Huewerflacken

Zoubereedung:
De Bakuewen gëtt op 200°C virgewiermt. D'Miel an de Bakpolfer an eng Schossel ginn a vermëschen. Dono d'Margarine schmelzen an zesumme mat den Huewerflacken mat vermëschen.
Zum Schluss den Zocker dobäi ginn an alles gudd duerchknieden. Dono dee ferdegen Deeg an 10 Cookies formen an um Bakblech verdeelen.
D'Cookies gi bei 200°C während 15 Minute bake geloos.


» Fotoen