passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Cycle 1 Vakanzaktivitéiten 2026

05.08.2026

E sportlechen an ofwiesslungsräichen Dag fir de Cycle 1



Am Kader vun de Vakanzaktivitéiten huet de Cycle 1 haut e flotte Sportsdag erlieft. Um Programm stoungen eng Rei ofwiesslungsräich Aktivitéiten, bei deenen d’Kanner sech richteg auspoweren an dobäi vill Spaass hunn.

Nieft engem abenteuerleche Parcours hunn d’Kanner Brennball a Fussball gespillt a konnten hiert Geschéck an hiren Teamgeescht ënner Beweis stellen. Fir e Moment vu Rou an Entspanung huet eng kleng Yoga-Eenheet gesuergt, ier sech d’Kanner bei engem erfrëschende Waasserspill ofgekillt hunn.

Et war en erfollegräichen Dag mat vill Bewegung, Laachen a flotte gemeinsame Momenter, deen de Kanner sécher nach laang an Erënnerung bleift.




» Fotoen