
Al Gemeng : Fadenbilder - mir mole mat Woll
28.09.2020Mat Woll molen! A wéi geet daat dann?
Daat ass ganz einfach; et hëllt een e Blad waat een an der Mëtt diebelt. Dann hëllt een e puer wëlle Fiedem an taucht déi a verschidde Farwen a leet se konterbosseg op eng Säit vum Blad. Dono gëtt d'Blad zougeklappt an et zitt een d'Fiedem no ennen eraus.
Wann een dann d'Blad nees opklappt gesait een waat dobai erauskomm ass. An daat ass heiansdo ganz witzeg waat een do vu Formen ka kréien. Vill Spaas beim Nomachen.
» Fotoen