passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng, Sportshal, Reeboupavillon a Sonnepavillon- Scheckiwwerreechung

06.05.2019

Kanner hëllefen Kanner

Kanner vum Service d'Education et d'Accueil hunn déi Saachen, déi si selwer gebastelt hunn op der Ouverture vum Wochemaart zu Beetebuerg vir en gudden Zweck verkaaft. Kanner an Personal vum Service d'Education et d'Accueil ware mat immens vill Freed a groussem Engagement bei der Saach. Esou koum en Erléis vun 1000 Euro zesummen, deen un "Du an Ech a.s.b.l. ensemble pour les enfants du Senegal" gespent ginn ass.  Des a.s.b.l., déi virun en bësse méi ewéi dräi Joer gegrënnt ginn, setzt sech an, vir Kanner am Senegal en besseren Zougang zu Bildung ze verschafen, an ass och am Gesondheetsberäich täteg.

Du an Ech a.s.b.l. parrainéiert momentan 11 Kanner zu Mbour am Senegal. Mam Parrainage kréien Kanner Méiglechkeet an eng gutt Schoul ze goen. En groussen Deel vum Comité war Ufank vun dësem Joer op der Platz vir eng "journée de consultatioun médicale gratuite". Hei kruten d'Bewunner vum Quartier Thiocé zu Mbour Méiglechkeet sech vun engem Dokter ënnersichen ze loossen an déi néideg Medikamenter vir en Traitement ze kréien.

Nächste Joer well Du an Ech a.s.b.l. erëm esou eng "journée médicale de consultatioun garatuite" organiséieren an zwar des kéier zu Wack Ngouna, dëst Duerf befënnt sech un der Grenz zu Gambia. Niewent dësem Projet ass nach d Ënnerstëtzung vun der Schoul zu Wack Ngouna geplangt, déi sech an engem schlechtem Zoustand befënnt. Am Buedem vun de Klassenzëmmer si Lächer an et feelt un Material. Den Erléis vum Stand vum Service d'Education et d'Accueil fléisst mat an Renovatioun vun engem Klassesall.

Vir Zukunft ass eng weider Kooperatioun vun de Kanner vum Service d'Education et d'Accueil an de Schoulkanner vu Wack Ngouda geplangt, dësen Austausch gëtt ganz bestëmmt flott an interessant vir déi zwou Säiten.