passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou: Mir gestalten eist eegent Tic-Tac-Toe Spill

06.07.2026

D'Kanner aus der Précoce a Spillschoul hunn mat vill Freed Steng ugemoolt an esou hiert eegent Tic-Tac-Toe Spill fir de Gesellschaftsraum gestalt.


Fir hiert eegent Tic-Tac-Toe Spill ze gestalten, hu si d'Spillsteng mat vill Faarf a Fantasie bemoolt. Eng Grupp huet schéi Blumme gemoolt, wärend déi aner Grupp faarweg Himmelsdéiercher op d'Steng bruecht huet.

Nodeems d'Spillsteng fäerdeg waren, hat all Kand nach d'Méiglechkeet, e perséinleche Steen no eegene Wënsch ze gestalten. Sou konnten d'Kanner hir Kreativitéit ausdrécken an e klengt Konschtwierk mat heem huelen oder als Erënnerung behalen.

Mir si stolz op dat flott Resultat an freeën eis schonn drop, d'Tic-Tac-Toe Spill am Gesellschaftsraum ze benotzen.




» Fotoen