
Reebou : D' Kanner vum SEA Reebou besichen d'Kanner vum SEAI Kokopelli
27.05.2024Mir haten e flotten Dag a konnten an enger ganz aner Welt reesen.
Vum SEA Reebou aus si mer ze Fouss laanscht de Waassertuerm iwwert d’ Bréck an de Kokopelli getrëppelt.
Beim Kokopelli ukomm, konnten mer den ganzen Raum entdecken a matt allem spillen wat zur Verfügung stoung. Mir hunn och selwer eis Collatioun präparéiert.
No engem leckeren Müsli gouf en Deieren Theater an en Danz virgespillt. Mir hunn ganz houfreg matt gemaach.
Zwee vun de Reebou Kanner waren de ganze Mëtten eis Guiden well se selwer e puer Joer am SEAI Kokopelli waren, si waren iwwerglécklech erëm do ze sinn.
Mir haten vill Spaass a mir freeën eis all ob en weidert Treffen.
» Fotoen