passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Mir baken Kärebaguetten

18.02.2019

D' Kanner aus dem Sonnepavillion hunn aus Vollkarmiel an Sonneblummenkären, Kürbisskären an Leinsamkären, Baguetten gebak. 

D' Kanner haten vill Freed drun mat den Hänn den Deeg ze knieden an hunn dono gesinn wei den Deeg lues an lues opgaang ass.
Nodeems den Deeg genuch gerout hat, ass en zu Baguetten geformt ginn, déi dun an den Uewen komm sinn fir gebak ze ginn. Mir hunn se Mëttes fir d' Collatioun mat Genoss giess.
Den Kanner huet et gefall aus eegener Initiativ an mat hiren Hänn Brout ze baken. Si hunn di verschidden Schrëtt matkritt déi een brauch fir en Brout ze baken.


» Fotoen