
Al Gemeng: Wrap-Spiessecher selwer machen
27.11.2024Wrap-Spiessecher, mol eng Kéier eppes anechters
De Luca huet nees mat de Kanner gekacht. Haut waren et kleng Spiesser mat engem Wrap, Tomat an enger Bull Mozzarella.
Fir de Wrap krut all Kand ee Fajitapangesch dee mat Kraiderschmierkéis beschmiert gouf. Eng Cornichong huet missen a ganz dënn Straife geschnidde ginn éier een se konnt an der Mëtt vum Pangesch verdeelen.
Dono as daat Ganzt zesummegerullt ginn a scho konnt déi ganz Wurscht a kleng Stecker geschnidde ginn.
Lo war et un der Zait fir alles een nom aneren ob de Spiess ze stiechen; e besse Mozzarella, ee Wrap an als Ofschloss eng kleng Tomat.
An nees vu vir; eng Bull Mozzarella, ee Wrap,... Bis dass de Plateau voll war.
An du konnten d'Kanner sech an hierer Collatioun déi gudd Spiessecher schmachen loossen.
» Fotoen