
Al Gemeng : Luca, il cuoco italiano *
16.10.2024* Luca, den italienesche Kach
Saitdeem mer de Luca B. an eiser Equipe hun kréien d'Kanner déi italienesch Kiche méi no bruecht.
Des Kéier waren et déi berühmten italienesch Bruschetta déi Kanner eis kredenzt hun.
Zutaten waren: eng Baguette, tomates cerises, Oilivenueleg, Basilikum, Peffer a Salz
Nodeems d'Baguette kleng Stecker geschnidde war hun d'Kanner se bei nidreger Temperatur am Uewen knuspereg gi geloos.
Du gung et un d'Tomaten déi hu missen a kleng Stecker geschnidde ginn. An de Basilikum gouf och kleng gehackt.
Alles an eng Schossel a mat Peffer, Salz an Oilivenueleg vermëschen.
D'Brout koum aus dem Uewen an ass och mat Olivenueleg betreufelt ginn éier den Tomatemix drop verdeelt gouf.
A ferdeg war déi italienesch Delikatesse an d'Kanner (an déi Grouss) hu sech se gudd schmaache geloos.
» Fotoen