
Al Gemeng : Mam Fliger op d'Spillplaz
29.08.2022De Flughafen kucke goen ass emmer eng flott Sortie.
D'Kanner sinn emmer deck begeeschtert vun deene grousse farwege Fligeren déi virun hierer Nues starten a landen.
Am Flughafe selwer ass och emmer vill lass an et gëtt vill ze kucken; Leit déi sech äddi soen oder frouh sinn sech nees erem ze gesinn. Kanner déi sech op d'Vakanz freeën och wa se e bessen de Fliger ferten an Elteren déi genervt a gestresst sinn well hier Kanner sech viellaicht e bessen zevill hart freeën.
No der Visite vum Flughafen ass et weider gang op d'Spillplaz op den Cents wou d'Kanner selwer konnten op hierem Flughafen "Vakanz" spillen.
» Fotoen