
Sportshal: Zu Besuch an der Zooschoul
03.12.2024Mir haten haut e spannenden Dag an der Zooschoul vum Beetebuerger Parc zum Thema Regenwald
Mer krute bildlech op enger Weltkaart erkläert, wou et iwwerall e Regenwald gëtt. D’Kanner konnte Froe stellen a kruten allgemeng Erklärungen iwwer d'Liewenswelt vun den Déieren am Regenwald.
Duerno si mir an d'Amazonashaus era gaangen an d’Kanner konnten sech d‘ Déieren ukucken. Se hate vill Froen di se och all beäntwert kruten. Mer freeën eis schonn ob den nächste Besuch an der Zooschoul.
» Fotoen