
Cycle 3 Vakanzaktivitéiten 2026
12.08.2026Spannend Experimenter am Science Center.
Haut war de Cycle 3 op Besuch am Science Center zu Déifferdeng. Hei konnten d’Kanner d’Welt vun der Wëssenschaft op eng spannend a spilleresch Manéier entdecken.
Bei deene villen interaktiven Experimenter konnten si selwer ausprobéieren, experimentéieren a staunen. Esou gouf Wëssenschaft net nëmmen erkläert, mee konnt direkt erlieft ginn.
E besonneschen Highlight war d’Elektro-Show. Mat spannenden Demonstratioune kruten d’Kanner d’Kraaft vun der Elektrizitéit op eng ganz besonnesch Manéier gewisen.
En ofwiesslungsräichen Ausfluch voller Entdeckungen, Experimenter an iwwerraschende Momenter, bei deem de Spaass natierlech net ze kuerz koum!
» Fotoen