
Reebou: Wien huet sech do op d’Blat geluecht?
16.06.2025Am Kader vun engem kreativen Atelier hu mir eng spannend a spilleresch Aktivitéit duerchgefouert.
Mir hu grouss Biller gemoolt, an dat op eng ganz speziell Aart a Weis: Mir hu eis zu zwee op e grousst Blat geluecht an d’Konture vun eisem Kierper nogezeechent. Doduerch ass eng eenzegaarteg Kreatioun entstanen – eng Aart Selbstporträt, deen eis Fantasie a Kreativitéit gewisen huet.
Et war eng lëschteg Erfarung, bei där mir vill gelacht hunn a gläichzäiteg zesumme geschafft hunn. D’Resultater si faarweg, individuell a weisen, wéi vill Freed mir un dëser Aktivitéit haten.
» Fotoen