
Reebou: Entdeckungstour am Haus vun der Natur
13.07.2026Am Haus vun der Natur op der Kockelscheier sinn d'Kanner op eng spannend Entdeckungsrees duerch de Bësch gaangen an hunn déi verschidden Déieren an Insekten an hire Liewensraim kennegeléiert.
Bei hirem Besuch am Haus vun der Natur hunn d'Kanner vill Interessantes iwwer d'Liewe vun de Bëschdéieren an den Insekten entdeckt. Mat Hëllef vun enger Spektiv hu si no Villercher an de Beem gesicht an observéiert, wéi si sech an hirem natierleche Liewensraum beweegen.
Mat enger Lupp konnten d'Kanner déi klengste Matbewunner vum Bësch aus noer Distanz entdecken an ënnersichen. Besonnesch spannend war et, déi verschidde Vullennäschter ze entdecken an erauszefannen, wéi se gebaut sinn.
Zum Schluss konnten d'Kanner selwer aktiv ginn an hir eege Näschter nobauen.
Esou hunn si op spilleresch Aart a Weis vill iwwer d'Natur geléiert a gläichzäiteg hir Kreativitéit an hiert Geschéck gewisen.
» Fotoen