passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Mam Zuch duerch d'Al Gemeng

16.10.2023

Eis Mini'en hun eng Maxi Zuchlandschaft opgeriicht.



Eisen Holzzuch huet mëttlerweil esou vill Succès bei de Kanner aus dem Cycle 1 dass et dozou koum dass se all zesummen eng grouss Zuchlandschaft am Bauraum opgestallt hun.

Den Zuch mecht de Kanner immens vill Freed well do kann een, nirwent de Schinnen, och nach Brecken an Tunnelle unenee reihen oder ee Gidderzuch an eng Fähr aplangen. Jo souguer eng Gare mat enger Policestatioun ass och dobai.

Mee waat am allermeeschte Freed mecht, daat ass ze gesinn wéi all d'Kanner flott zesumme spillen ouni ze streiden. Si schwetzen zesummen wéi se de Krees hikréien, wou den Zuch duerno weiderfiert a wou d'Gare oder den Tunnel hikennt.

De Kanner huet et mega gefall an et war richteg schued wéi duerno nees alles huet missen zesummegeraumt ginn.




» Fotoen