
Cycle 4 Vakanzaktivitéiten 2026
12.08.2026E sportlechen Dag fir de Cycle 4
Haut stoung fir d’Kanner vum Cycle 4 alles am Zeeche vu Sport, Beweegung a Spaass. Bei engem ofwiesslungsräiche Sportsdag konnten si verschidde Sportaarten ausprobéieren a sech richteg auspoweren.
Um Programm stoungen Volleyball, Badminton, Turnen, Fussball, Basketball a Völkerball. Esou war fir jiddereen eppes dobäi an d’Kanner konnten hiert Geschéck, hir Ausdauer an hiren Teamgeescht ënner Beweis stellen.
Nieft der sportlecher Erausfuerderung stoung virun allem dat gemeinsaamt Erliewen, Fairplay an de Spaass un der Beweegung am Mëttelpunkt. E flotten a sportlechen Dag am Kader vun eise Vakanzaktivitéiten!
» Fotoen