
Cycle 4 Vakanzaktivitéiten: 10.08-14.08.2020
10.08.2020Bëschwoch mat engem Naturpädagoge
De Cycle 4 ass erëm ganz Woch am Bësch. Zesumme mam Naturpädagoge léiere mir all Dag néi Saachen am Bësch. Mir hunn geleiert richteg ze schnitzen, mat der richteger Technik an deem richtegen Holz. Dofir hunn mir missen duerch de Bësch tëppelen an nom ideale Schnitzholz sichen, wat mir a Form vun engem Hieselter dunn och fonnt hunn. Mir hunn sou och geleiert de Bam ze bestëmmen. Parallel hunn mir Basis Kniet geleiert fir déi nächst Deeg eis Hütte stabil zesumme bauen ze kennen.
Nieft verschidden Spiller wéi Stratego an Capture the flag, wou mir den ganzen Terrain vum Bësch konnten ausnotzen, hunn mir och weider un eisen Hütten geschafft an dës souguer och gedeeft.
» Fotoen