
Sonnepavillon : Woch vun de Gefiller
17.10.2022Am Kader vun der "Semaine de la santé mentale" hu mär am Sonnepavillon an der Woch vum 10. bis 14. Oktober d' Emotiounen thematiséiert.
Déi ënnerschiddlech Gefiller, wéi Roserei, Freed, Trauregkeet,... kënnen bei Jidderengem an engem Dag vertrueden sinn. Ech kann elo grad immens roosen sinn, kuerz drop mécht dat mech traureg a vläit sinn ech an enger Stonn nees frou. D' Gefiller waren an all Atelier am Mëttelpunkt: ob am Bauen, am Kreativen, am Rollespill oder dobaussen... d' Thema vun den Emotiounen war iwwerall präsent. D' Geschicht vum Faarwemonster gouf erzielt an d' Kanner konnten sech engem Gefillsbarometer no ausdrécken. En Donneschden waren d' Kanner vun den Cyclen 2-4 an den Schlasshaff d' Austellung vun den Emotiounen kucken an als Ofschloss vun der "Semaine de la santé mentale" gouf de Kanner vun den Cyclen 1 bis 4 de Film "Alles steht Kopf" gewisen.
» Fotoen