passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Eist Summerfest

04.07.2022

Am Juni hate mer eist grousst Summerfest organiséiert zum Thema WONDERLAND.

D'Equipe aus der aler Gemeng hat de Kanner an hieren Elteren ee ganz flotte Programm op d'Been gestallt mat villen Animatiounen déi vum Fotosatelier iwwert de Facepainting an de Loftballfiguren bis zum Geschecklechkeetsparcours mat engem Dréihrad gereecht hun. 
Nirwent den Animatiounen gouf och fir daat Kulinarescht gesuergt. Eng Cocktail-Bar, ee Barbecue mat farwege Bréidecher, Zockerwatt, Popcorn a ganz farweg Muffins goufen ugebueden. 
Alles an allem war ee ganz gelongenen Owend an d'Equipe krut ganz vill Luew vun den Elteren ausgeschwat.


» Fotoen