passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon: Ouschter-Olympiad

17.04.2023

Mir hunn an der Ouschtervakanz eng Olympiad organiséiert. Hei goung et haaptsächlech em den Spaass an net dorëms ze gewannen. Gewonnen hunn mir heibäi nämlech alleguerten: en Loftballon fir ze spillen an en gutt Ee fir ze iessen.



D' Loftbäll waren eis Huesen Schwänz, die mir eis an enger Disziplin versicht hunn géigesäiteg ze mopsen. Bei engem aneren Spill hunn mir vill Loft gebraucht fir mat engem eidelen Ee die aner Huesen ze eliminéieren. Zäitgläich ass heibäi Fäin Gefill gefrot fir d' Ee net op den Buedem ze blosen. Zum Schluss haten mer eisen groussen “Hoppelhuesenhürdenlaaf”. Hei war alles gefrot: Gläichgewiicht, Geschécklechkeet, Koordinatioun, Treff Sécherheet an nach villes méi. Obwuel dat eent oder anert Ee heibäi getéckt gouf, hunn mir Huesen eis Missioun erfëllt: Spaass hunn.




» Fotoen