
Reebou: Op der Sich no de Mini Donuts
20.06.2024Mir hunn Mini-Donuts gebak. D'Kanner hunn gehollef den Deeg virzebereeden, d'Formen auszestiechen an d'Donuts ze dekoréieren.
Mat Zocker- an Schockelas Streisel, an aneren Dekoratiounen konnt jiddwereen seng Kreativitéit ausliewen. D'Kanner hunn hir Donuts mat grousser Opmierksamkeet dekoréiert, a si waren houfreg op hir Meeschterwierker.
Schuet, dass Donuts no kuerzer Zäit all verschwonnen waren a mir se net mei erëm fonnt hunn :-)
» Fotoen