passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : E flotten Nomëtten an der Escher Bibliothéik

29.01.2024

D’ Kanner waren vun deene villen Bicher, déi an der Bibliothéik ze fannen sinn, begeeschtert.



No e puer Instruktiounen vun der Madame déi an der Bibliothéik schafft, konnten d’ Kanner sech dunn an d’ Bicherwelt stierzen. Si waren iwwerrascht vum Choix wat et alles un Themen vu Bicher gëtt, sou dass et net laang gedauert huet, bis dass jiddereen e Buch fir sech fonnt huet. D’ Kanner hunn sech et dunn am Lies-Eck gemittlech gemaach fir an de Bicher ze bliederen. Zäit ass séier verflunn sou dass mir eis d’ Bicher ausléinen konnten, fir am SEA weider ze liesen.




» Fotoen