
Al Gemeng : Trottinetten Test Center
21.03.2022Soubal d'Wieder et nees zouléist sinn d'Kanner wéi benzech fir eraus an d'frësch Loft spillen ze goen.
Mee och wann nemmen Zait bleiwt fir kuerz bis an den Haff ze goen, da gëtt einfach eise Fuerpark aus dem Keller ausgegruewen a schon spillen d'Kanner Test Center fir Trottinetten, Drairieder a Konsorten.
All Gefier muss ausgiebeg getest a probéiert ginn op nach alles esou gudd funktionéiert wéi virum Wanter.
A kuck do, et mecht nach emmer genau esou vill Spaass fir duerch den Haff ze jauwen.
» Fotoen