passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Al Gemeng : Mir bastelen eis eegen Liewensmëttelpyramid

31.01.2022

Waat ass eigentlech eng Iess- oder Liewensmëttelpyramid a firwat ass et wichteg fir se ze kennen?

De Spillschoulsgrupp aus der Aler Gemeng huet seng eegen Iesspyramid gebastelt. 
D'Kanner goufen geléiert dass et verschidden Liewensmëttel gëtt déi méi gesond sinn wéi anerer an dass et wichteg ass ze wessen waat ee soll iessen fir gesond ze bleiwen. 
Zesummen hun d'Kanner geroden waat dann elo ganz gesond, besse gesond an guer net gesond ass. 
Dono hu si déi eenzel Iesswueren aus verschiddenen Zaitschrëften ausgeschnidden an zesummegeluecht waat beienee passt. Du gouf alles op déi richteg Farw gepescht a scho ass d'Pyramid a Form vun engem Männchen zesummegesat ginn. 
D'Resultat ass richteg flott ginn an d'Pyramid hänkt elo iwwert dem Buffet wou d'Kanner all Dag kennen drop kucken.


» Fotoen