
Al Gemeng : La migliore pasta alla bolognese del mondo
06.06.2022De Spillschoulsgrupp huet geléiert wéi een eng meeeeega gudd Spaghettiszoos mecht.
Fir unzefänken hun d'Kanner d'Zwiebelen kleng geschnidden. Wéi jidderee sech denke kann war daat eng ganz trauresch Geschicht an d'Kanner hu misse vill Kraischen.
Dono hun d'Muerte missen dru gleewen a goufen gewäsch, geschielt a kleng gehackt.
Dunn ass et lass gang mam Kachen; e besse Fett an d'Dëppen an du konnten och schon Zwiebelen ugebrode ginn. D'Muertestecker dobai a weider gung et mam Réieren.
Lo koum d'Gehacktes dobai an et huet misse weider geréiert ginn fir dass naischt ubäckt. Zum Schluss nach ee gudde Schotz Tomatenzooss a scho war d'Spaghettiszooss sou gudd wéi ferdeg.
Fir d'Kanner war et déi beschten Zooss vun der ganzer Welt, well alles waat ee selwer kacht schmacht emmer am allerbeschten.
» Fotoen