
Al Gemeng : Kleng Kënschtler mache grouss Sachen
13.08.2021Waat geschitt wann een 2 an een halwe Meter waisse Pabeier, ee klengt grengt Dëppche mat Farwen an eng Hord vun 3-4 jährege Kanner mëscht?
Äntwert: Et geschitt ee grousst Konschtwierk!
D'Kanner konnten all zesummen un engem grousse Bild molen wou jiddereen daat duerft molen waat him gefällt.
Dono ass ee gemeinsamt Bild erauskomm waat esou flott war dass et direkt seng Plaz op der grousser Mauer am Précoceraum fonnt huet.
D'Kanner si mega stolz op hiert schéint Bild waat lo jiddree ka bewonnere kommen.
» Fotoen