
Sonnepavillon : Style Berodung Madame Roro
17.03.2025Wëllkomm bei der Style Berodung vun der Madame Roro.
Wëllt dir wëssen wéi eng Fuerwen des Saison um Programm stinn? Hu dir Problemer fir mat der Moud ze goen? Sidd dir villäicht verluer an kennt den Iwwerbléck net behalen wat IN oder OUT ass? Oder wëllt dir Iech einfach eemol moudesch austoben? Dann sidd dir bei der Madame Roro genau richteg.
Mir hunn eis wärend enger Mëttesstonn en Spaass doraus gemaach eis eegen Style Berodung ze erëffnen. Et ass getest, uprobéiert, proposéiert, geposed an virun allem vill gelaacht ginn. Zum Schluss haten mir nach eng kleng Modeschau virun engem ausgewielten Publikum wou eis Kollektioun „la belle moche“ virgestallt gouf.
» Fotoen