Al Gemeng : Chrëschtfeier am Cycle 2
23.12.2022Als Ofschloss vum 1. Trimester hun d'Kanner aus dem Cycle 2 zesumme mat hierer Equipe ee klengt Ofschlossfest organiséiert.
E bessen Deko, e besse Kuch a Gedrenks an da just nach d'Maison Relais schéin hierriichten a schon as alles prett fir d'Elteren an d'Kanner ze empfänken.
D'Dëscher hu se am Gank opgestallt a mat Guirlanden a Chrëschtbullen gerëscht fir eng gemittlech Atmosphär ze schafen.
D'Kanner hun och flaisseg gehollef beim Servéieren an hate vill Freed.
Och d'Schmachen duerft natirlech net ze kuerz kommen.
» Fotoen