passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou-Pavillon: e flott Ofschloss Fest mat de Kanner an den Elteren

23.12.2019

Wanter Feeling am Reebou-Pavillon



Um Site vum Reebou-Pavillon gouf d’Joer den 20 Dezember 2019 mat engem flotte Fest ofgeschloss.

De grousse Restaurant gouf zesummen mat de Kanner der Saison no dekoréiert. Verschidden Stänn mat Iessen a Gedrénks esou wéi Ateliere fir d’ Kanner hunn fir eng flott Animatioun gesuergt.

Et gouf sech fir dësen Owend vill vir geholl: et goufe verschidden Zorte Kuch, Schocki, Kaffi, Glühwäin an e nett alkoholeschen Punch. Elteren konnten déi selwer gebastelt Dekoratioun vun de Kanner am Festsall bewonneren.

Merci den Elteren fir hir Präsenz an fir dat wat op dësem Owend zesummen komm ass fir un d’ Beetebuerger Associatioun « Du an ech a.s.b.l. » gespent ze ginn.

D’ Souveniren vun dësem flotten Owend sinn all ënnert der Rubrik «Fotoen».




» Fotoen