Reebou: mir entdecke bekannte Kënschtler
07.07.2025Bei dësem Projet hu mir d’Kanner op eng spilleresch a kreativ Aart mat der Welt vun der Konscht vertraut gemaach, andeems si selwer aktiv goufen an d’Wierker vu bekannte Kënschtler nogestallt hunn.
Zesumme mat de Précoce- a Spillschoulskanner hu mir e kreative Projet gestart, bei deem mir bekannte Kënschtler kenne geleiert an hir Wierker nogestallt hunn. D’Kanner waren begeeschtert, wéi si d’Biller erkläert kruten a se duerno selwer nogemaach hunn – heiansdo souguer mat recycléierte Materialien. Et sinn flott a faarweg Resultater entstanen, déi elo um éischte Stack am SEA ausgestallt sinn.
» Fotoen