passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Vakanzaktivitéiten: 19/08 Schnitzeljuegt duerch Beetebuerg Cycle 1

19.08.2019

Mir hunn Woch mat enger flotter Schnitzeljuegd duerch Beetebuerg ugefaangen.

Lass ass et gaangen an der Sportshal, wou all Grupp eng Enveloppe mat enger bestemmtener Faarw, mat 6 Puzzlestecker krut. Déi hunn Kanner missten zesummen setzen fir erauszefannen, wou si als nächst mussen hi goen. Déi nächst Statioun war d’Labyrinth bei der Gemeng, wou all Gruppe huet missten 3 Enveloppe siichen vun hierer Faarw. Den Inhalt vun deenen Enveloppen huet si bei d’Kierch gefouert, wou si als éischt emol e bessen konnten ob der Spillplaz spillen. No enger halwer Stonn hu mer eis dunn ob d’Sich gemaach no den Enveloppen bei der Kierch. Deen Inhalt huet eis bei de Parc Jacquinot gefouert, wou déi nämlecht Aufgabe nach eng Kéier ob si gewaart huet. Des Kéier war als Ofschluss eng Foto vun engem Freedefeier dran fir de Kanner ze weisen datt et fäerdeg ass. Dunn hu mir all zesummen gies an hunn nach zesummen ob der Spillplaz gespillt.


» Fotoen