passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou-Pavillon: Mir schaffen mat de Kanner vum Cycle 1 mat Leem

10.01.2022

Knieden ass nett nëmmen fir D ‘Fein-an Grob Motorik wichteg, et ass och en Training fir d’ Hand Muskulatur an derbäi gëtt d ‘Kreativitéit gefuerdert.

Bei dëser Aktivitéit hunn d ‘Kanner als Éischt erkläert kritt wat de Leem ass. Dono krute si gewisen wat en alles domat ka maachen an mat wéinegen Materialer am Leem geschafft gëtt. Dono krut all Kand vum Grupp d’ Méiglechkeet fir dat wat mir hinnen gewisen hunn no ze maachen an verschidden Saachen wéi Formen, Figuren selwer aus ze probéieren. Et ass eis opgefall dass verschidden Kanner Ufanks gezeckt hunn fir de Leem an d’ Hänn ze huelen mee wou die éischt Hemmung gefall ass haten si vill Spaass.

D’ Kanner hunn och vill selwer experimentéiert an waren ganz houfreg fir eis hir Figuren ze weisen.




» Fotoen