passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : E sonnegen Mëtten am Escher Déierepark

09.10.2018

Leschten Donneschden hunn d' Kanner vum cycle 1 bis cycle 4 bei wonnerschéinem Hierschtwieder eng Visite am Escher Déierepark gemaach.



D' Erliefnes huet domat ugefaangen dass mär mam Zuch vun Näerzeng bis op Esch gefuer sinn.
Op der Gare ukomm ass et dunn Richtung Lift gaangen deen iwwert eng Passerelle op den Galgebierg féiert.

Den géien Bierg sinn mär ganz monter an voller Élan erop gaangen: mol hunn mär missten e Bengel huelen fir eis ze stäipen, mol sinn mär rëm gelaf, dann rëm getrëppelt oder och hannerzech erop gaangen...an endlech waren mär am Déierepark ukomm.

Hei hunn mär d' Geessen gefiddert, hunn eis d' Kanéngercher an d' Hinger ugekuckt, d' Bambien sinn och ganz no bei eis komm an wollten eppes ze frupsen.

Getrëppelt an geklotert an gerutscht sinn mär an dat huet eis och hongereg gemaach. Dofir hunn mär beim Stall vun den Päerd picknickt. Ei wat war di Schmier gudd.

Weider sinn mär bei d' schottescht Héichlandrand gaangen mee do waren mär méi virsiichteg, well deen mat senger Statur immens impressionant ass.
Laanscht d' Päerd sinn mär och nach gaangen iert mär eis nees op den Wee biergof gemaach hunn fir op den Bus ze goen deen eis zréck an d' Maison Relais gefouert huet.


» Fotoen