
Al Gemeng : Fairtrade Brunch vum Cycle 1
22.06.2022Als Fairtrade Gemeng ass Beetebuerg vill intresséiert um fairen Handel vun den Iesswueren an der gerechter Bezuelung vun den Arbechter.
Aus deem Grond probéiert de SEA Beetebuerg iwwert Aktiounen wéi eise Fairtrade Brunch fir engersaits d'Kanner scho vu klengem un mat deem Thema a Kontakt ze brengen an d'Elteren drop opmierksam ze machen waat et alles u Produkter gëtt a wéi een de fairen Handel nach méi kann ennerstetzen.
Bei herrlechem Wieder huet d'Equipe aus dem Cycle 1 den Haff schéin hiergerrcht an d'Dëscher gedeckt an dekoréiert.
Vum Bréidchen iwwert de Croissant, de Jus an de Kaffi konnten d'Kanner an hier Elteren ee gemittlechen Moien am Haff vum SEA Al Gemeng genéissen.
An Zesummenarbecht mam Weltbuttek vu Beetebuerg hate mer och ee schéine Stand am Haff opgestallt wou d'Elteren vill flott Sache konnte kafen.
D'Spillschoulskanner hun den Elteren och ganz houfreg hier Portfolio gewisen wou si lauter flott Errennerungen aus dem SEA dra sammelen.
An als Kiischt um Kuch gouf et och nach ee Concert vun eise Klengsten mat all de Lidder déi si bis dohin geléiert haten.
» Fotoen