passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Gaart

12.06.2018

Nieft eisen Funktiounsecken an der Maison Relais, kënne mir de Kanner och e Gaart um Site Näerzeng ubidden

Hei kommen Kanner a Kontakt mat da Natur, wou se buddelen, Onkraut rappen, Insekten entdecken an Spaass kënnen hunn.

Kanner léieren ënnerschiddlech Sorten vun Uebst, Geméis, Kraider an Blummen kënnen, kënnen dëst upaken, dorunner richen, schmaachen, an d ‘Entwécklung vun de Planzen materliewen.

Eise Gaart ass ëmmer op wann Kanner do sinn an ass begrenzt op 8 Plazen. Kanner vun all Alter sinn wëllkomm fir un der Entwécklung vum Gaart deelzehuelen.


» Fotoen