
Cycle 3 Vakanzaktivitéiten 2026
05.08.2026E flotten Nomëtteg op der Spillplatz am Bambësch
Am Kader vun de Vakanzaktivitéite war de Cycle 3 an de Bambësch, wou d’Kanner e flotte Nomëtteg op der Spillplatz verbruecht hunn.
An der schéiner Natur konnten si sech richteg austoben, klammen, rutschen a gemeinsam spillen. Nieft de ville Beweegungsméiglechkeeten stoung virun allem de Spaass an dat gemeinsaamt Erliewen am Mëttelpunkt. D’Kanner hunn déi verschidden Attraktioune vum Spillplatz mat vill Begeeschterung entdeckt a konnten zesummen eng flott Zäit verbréngen. Mir hunn esou flott gespillt dass mir souguer vergiess hunn Fotoen ze maachen.
Den Ausfluch an de Bambësch war eng gelongen Ofwiesslung am Programm vun de Vakanzaktivitéiten a wäert de Kanner sécher nach laang a gudder Erënnerung bleiwen.
» Fotoen