
Al Gemeng : D'Geschicht vum bloe Männchen dee getriwwelt a geträscht gouf.
06.11.2024Wéi aus engem Koup Miel ee bloe Geheimagent gouf.
Duerch déi giel Pabeierstut huet hien d'Opreegung an d'Ongedold vun de Kanner schon héieren; "ei lo geet et glaich lass" huet hie sech geduecht.
A schon ass d'Tut opgang a zwou kleng Hänn hun hien op d'Kopp gedréint an an eng kleng Schossel gehait - oh jee waat ass daat hell hei!
Lo gung et Schlach op Schlach; e besse Salz op de Kapp, a ratsch koum och schon eng riise Schlupp Waasser dobai. Lo nach e besse blo Farw an du war d'Fest awer un. Mat vill Freed hun ee ganze Koup Kannerhänn hie getriwwelt a geträscht, gekniet a gedreckt.
Bis hien gudd deck a paapeg war. A schwupps gouf en op den Dësch geknuppt wou en nach e puer Massage krut bis dass sai ganze Kierper sech gudd entspant huet a schéi geformt war; ee Kapp, zwee Ärm an zwee Been, alles perfekt a kee Gramm zevill op de Rëppen.
Sou ganz plakeg konnt en awer net bleiwen an dofir krut hie vun de Kanner nach e puer Klengechkeeten wéi Aen an eng Nues an ee Mond.
"Ei wat war daat ee schéint Gefill, wéi nei gebuer" huet de bloe Mann sech geduecht.
" Main Numm ass Ration, Deco Ration!" huet hie gesoot a sech gefillt wéi ee bloen Geheimagent dee ganz geheimnisvoll aus engem Koup Stëpps entstan ass.
No der ganzer Ustrengung ass hien du vun de Kanner nach op t'Heizung geluecht ginn fir dass hien sech nach e besse konnt erhuelen éier en sain neien Job ugefangen huet als bloen Salzdeegmännchen.
» Fotoen