
Al Gemeng : Cooking day
11.06.2025Vun der Entrée iwwert den Haaptplat bis zum Dessert, alles hun d'Kanner selwer gekacht.
An der Paischtvakanz hate mer an der Aler Gemeng ee ganzen Dag Kachatelier'en organiséiert.
Als Entrée gouf et Bruschetta, als Haaptplat hate mer Spaghetti gekacht an als Dessert gouf et een Äppelcrumble.
Fir d'Bruschetta hun d'Kanner fléisseg Tomaten kleng geschnidden an d'Carolina huet sech erbarmt fir de Kunewelek ze schneiden.
De Basilikum krute mer frësch aus eisem eegenen Hochbeet.
Déi geschnidde Baguette gouf mat Olivenueleg bestrach an kuerz an de Schäffche gestach. Dono gouf den Tomatemix nach ofgeschmacht mat Salz a Peffer a scho war d'Entrée prett.
Fir d'Spaghettiszooss hun d'Kanner och gutt mat ugepakt. Geméis gouf kleng geschnidden an mat Olivenueleg am Dëppen gedënst éier alles mat der Tomatenzooss opgefëllt gouf. Dono hun d'Kanner mam Gehacktes kleng Fleeschbällecher gemach déi an d'Tomatenzooss komm sinn.
Soubal d'Spaghettie ferdeg waren konnten sech d'Kanner och schon de Bauch voll schloen.
Fir den Dessert ze machen waren se alleguer deck presséiert. Äppelcrumble hun d'Kanner alleguer ganz gär. Mee fir d'éicht hun se missten d'Äppel schielen an an kleng Cuben schneiden. Dono goufen se mat e besse brongem Zocker lues warm gemach bis dass se e besse méi mëll waren.
Iwwerdeems hun aner Kanner d'Miel, den Zocker an de Botter esou vermëscht bis dass d Crumble ferdeg war.
Dono alles an eng Schossel, Crumble drop a schwupps an de Schäffchen bis dass dee gudden Dessert endlech ferdeg war.
Ei, waat war daat lecker!
» Fotoen