passer au contenu principal passer au menu principal
Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Sonnepavillon : Eis kleng Ingenieuren

18.10.2024

An dëser spannender Aktivitéit bauen d'Kanner mat Wäschklameren an Holzstäbecher hir eegen kleng Konstruktiounen.



Egal ob Tierm, Haiser oder Brécken, der Fantasie sinn keng Grenzen gesat. Hei gëtt net nëmme gespillt, mee och vill geléiert: D'Kanner üben hir Geschécklechkeet a léieren eng Konstruktioun stabil ze bauen. Dës Aktivitéit hëlleft de Kanner net nëmmen hir Kreativitéit auszeliewen, mee si léiere gläichzäiteg iwwer d’ Technik vun Balance an Stabilitéit. Et fuerdert hir fein motoresch Fäegkeeten a si entwéckele léisungsorientéiert ze denken, wa Saache mol net esou funktionéieren, wéi geplangt.

Alles wat dir dofir braucht, hutt dir vläicht schonn doheem.

Dat brauchs du:

- Wäschklameren (am beschten aus Holz)

- Glacenstäbecher oder aner Holzstäbecher

- Eng mëll Ënnerlag (wéi en Teppech oder eng Decken)

Sou geet et:

1. Iwwerleet iech als éischt, wat dir baue wëllt. Villäicht e klenge Tuerm, eppes wéi eng Bréck oder souguer e klengt Haus?

2. Benotzt d'Wäschklameren fir d'Holzstäbecher zesummen ze klameren a fänkt un, äert Bauwierk opzebauen.

3. Probéiert, sou stabil wéi méiglech ze bauen. Wéi héich kënnt dir bauen, ier eppes afält?

Elteren-Tipp:

Dës Aktivitéit ka ganz gutt zesummen am Grupp gemaach ginn. D’Kanner kënnen hir Konstruktioune matenee vergläichen an Iddien austauschen. A wann eppes net klappt? Dat gehéiert dozou! Eng flott Geleeënheet fir iwwert Problemléisung an Zesummenhalt ze schwätzen. Villäicht wëllt dir no der Aktivitéit kuerz driwwer schwätzen: Wat huet gutt geklappt? Wat war schwiereg? Esou ginn d'Kanner sech bewosst, wéi si hir Iddien ëmgesat hunn.




» Fotoen