
Al Gemeng : Rallye duerch eis Haaptstad
30.07.2018Mat engem flotte Rallye duerch d'Stad Lëtzebuerg hunn d'Kanner d'Méigelechkeet kritt fir hier Haaptstad besser kennen ze léieren.
Mat verschiddene Froen a mat Hëllef vu Fotoen sinn d'Kanner op d'Sich gaangen fir d'Haaptpunkten a Gebeier an déi wichtegst kulturel an historesch Plazen an der Stad ze fannen.
D'Kanner ware begeeschtert well si autonom an op eng spannend a spilleresch Art a Weis d'Stad Lëtzebuerg entdeckt hunn.
» Fotoen