
Al Gemeng : Mir hun d'Kanner einfach mol op d'Schëff gescheckt.
12.08.2019Op d'Schëff gescheckt gëtt an der Reegel kee gär, ausser wann et heescht mam "Roude Léif" iwwert d'Musel fueren.
An der warmer Zait zitt et een richteg bei d'Waasser an dofir sin eng Reih Kanner zesumme mat hieren Encadrant'en op d'Musel gefuer fir mam "Roude Léif" ze fueren.
D'Opreegung war zimlech grouss an den Intressi bei de Kanner fir alles iwwer d'Schëff an d'Schleise gewuer ze ginn war grouss.
Vue dass et schrecklech warm war huet de Grupp sech och vill enner Dag opgehaal. No enger gudder Portioun Spaghetti war et dunn un der Reih war fir duerch eng Schleis ze fueren. Hei kruuten si all d'Erklärungen vum Matrous.
Och eng Visite vum Kapitänsbreck war um Programm. Daat war richteg cool!
» Fotoen