passer au contenu principal passer au menu principal Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg Service d'éducation et d'accueil Gemeng Beetebuerg

Reebou: Schoulhond Biago op Besuch

07.08.2026

Am SEA Reebou hu mir e ganz besonnesche Besuch begréisst: den diploméierte Schoulhond Biago an seng Meeschtesch. Duerch de Kontakt mat Déieren kënnen d'Kanner wäertvoll Erfahrungen sammelen an hiert sozialt a emotionalt Wuelbefanne stäerken.


Déiere begleeden d'Mënschen schonn zënter ville Joerhonnerten a ginn haut och gezielt am pädagogesche Beräich agesat. Dobäi stinn d'Léieren, d'Entwécklung vu soziale Kompetenzen an d'Wuelbefanne vun de Kanner am Mëttelpunkt.

De Biago huet de Kanner gewisen, wéi gutt hien op Kommandoe lauschtert, a mat senger roueger a frëndlecher Aart séier Vertrauen opgebaut. D'Kanner hunn him mat vill Begeeschterung nogekuckt, konnte Froen stellen an hien natierlech och heemelen.

Dëse flotte Besuch huet net nëmme fir vill Laachen a Freed gesuergt, mee och de respektvollen Ëmgang mat Déieren gefuedert. E gelongene Moment, deen de Kanner sécher nach laang a gudder Erënnerung bleift.




» Fotoen